Training Ride mam Fränk Schleck

Training Ride mam Fränk Schleck

Eng 30 Vëlosunhänger haten sech e Sonndeg de moien afonnt fir um Training Ride mam Fränk Schleck deelzehuelen. Bei frëschen Temperaturen gung et iwwer Welschent, Feelen erop op Dellen. Kuerz virun der Hierheck gouf mat enger klenger Paus de Grupp, deen an der Montée e bëssen auserneen gezu gouf, nees gesammelt an weider gung et iwwer Heischent erof op d'Todlermillen, dem Sauerdall no bis op Ierpeldeng zréck op Ettelbréck.
Der gudder Laun huet och de liichte Reen deen leider ënnerwee ugefang huet näischt kënnen undoen.