Championnats nationaux de Cyclo-cross 2022

Foto vun M. Colette



15 January 2022

Den 08. Januar huet d'UCNE déi national Cyclo-Cross Championnater zu Ettelbréck an den Däichwisen op där neier Streck, op där och schonns de Regionalcross gefuer ginn ass, organiséiert. Huet de Regionalcross nach bei schéinem, dréchene Wieder immens séier Coursen gebueden, sou huet dat schlecht Wieder an der Woch virun an während dem Championnat ganz aner Konditiounen gebueden. De Parcours war zimlech déif, immens glëtscheg an och déi déif Temperaturen hunn de Coureuren et nët einfach gemaach. Trotzdeem goufen et awer nees spannend Coursen.
Felicitatiounen un eis nei (aal) Championen.
(Fotoen sinn ënner "Multimedia/Fotoen")