UCNE

UCNE-Forum => Allgemenges => Thema gestartet von: Ed am 16 Oktober 2006, 22:04



Titel: Forum
Beitrag von: Ed am 16 Oktober 2006, 22:04
Mir hun hei én Forum installéiert mat zimlech vill Méiglechkeeten, mé dén dofir awer, zumols am Ufank vlaicht méi schwéier ze handhaben ass.

Den Forum ass sou ageriicht datt én "Gaascht" schon dat meescht vun den Informatiounen gesait. Sou lang hien net registréiert ass kann hien awer neischt an den Forum schreiwen.
Wien ëppes an den Forum schreiwen wëll, dén muss sech eng Kéier registréieren.
Do wielt hien sech én Numm, ähnlech wéi bis elo am Stil: Virnumm N an hien wielt é Passwuert.
Wann én eppes an den Forum schreiwen wëll, dann muss en sech mat dém Numm an Passwuert eranloggen (z.B. beim Knaeppchen "login" uewen).
Réicht dann kann én eppes an de Forum schreiwen.
Et kann én sein Computer och sou ariichten datt en sech automatesch anloggt subal én an den Forum geet.

Wann dir UCNE-Member sid, dann krit dir zousätzlech den Bereich "UCNE-Member " ze gesin, dén déi "normal" registréiert Benotzer (oder och d'Gäscht) net ze gesin kréien, an dén méi clubintern Sachen betrëfft.

Comitésmemberen hun nach én zousaetzlechen Bereich dén just fir sie zougänglech ass !

Et kann én och virgesin, wann dat sou gewollt ass datt z.B. ons Damen och nach é Bereich kréien wou si séch an aller Rou an ongestéiert ennerhalen an rendez-vous'en fixéieren kennen. ;)

All Virschlag vun iech ass wëllkomm !
Wann dir Froen hut, oder net eens gitt, dann macht én Mail un fogend Adress :  forum@ucne.lu .

Verschidden Méiglechkéten an dësem Forum :
- mir hun eng Rei Sparten (Allgemenges, MTB, CV, Floumaart,...)wou én Sachen androen kann. Dat ass engerseits fir én dén ufänkt mam Forum méi schwéier, mé anererseits ass doduerch  awer och méi Ordnung dran.
- fir op én Thema dén schon ugefang ass eppes ze schreiwen klickt én op "Antworten", et schreiwt én dat wat én um Haerz huet, an duerno klickt én op "Eintrag"
- wann én én neit Thema starten wëll geet én an déi Spart wou et dran gehéiert, an dann klickt én "neues Thema" un , et gett én den Titel un, et schreiwt én wat én sou wëll, an dann klickt én op "Eintrag".
- et gëtt én Kalenner wou mir probéieren d'Sortien dran an ze droen, an wou én dran kucken kann wat usteet.
- et kann én aneren Memberen eng perséinlech Matdélung schreiwen.
- et kann én dat wat én schon selwer geschriwen huet nach nodréglech zu all Zeitpunkt aenneren (bei editieren) :)
- et kann én sein Message och zu all Zeitpunkt nach läschen !
- et gesait én och wien als leschten op eppes geaentwert huet, hannen no dem Titel.
- et kann én eng Ofstëmmung am Forum starten.
- wann én well wëssen ob et eppes neies gett kann én klicken fir déi lescht 10 Messagen ze gesin.
- mir probéieren, falls dir dat wëllt bei all Member eng kleng Foto dobei ze setzen. Wann dir bei aerem Message eng Foto hut déi iech net gefällt, dann kennt dir se selwer aenneren, oder ganz ewech huelen.
- Am Fall wou dir eng (doer eng besser) Foto vun iech hut kennt Dir ons déi och mailen, dann géifen mir déi dann benotzen.

Dat war et bis op Weideres ! ....   :-*
Dësen Message ass an waert och nach geännert gin.

Et wier ganz fein vun iech wann Dir dat wat iech net gefällt, oder wat net geet, oder net kloer ass ons géift matdélen.

D'Équipe vum Forum : Rob W.  an  Ed M.   ;)


Titel: Re: Forum
Beitrag von: Ed am 19 November 2006, 10:46
Spam um Forum.

An der leschter Zait kruten mir Leit an den Forum déi do naischt ze sichen hun, an déi Spam op den Forum gesaat hun.

Dofir gëtt d'Prozedur fir séch ze registréieren é Bessi verschaerft : wann én sech registréiert kritt én op séng Mailadress én Mail dén én unklicken muss fir effektiv registréiert ze sin.
Duerno ass alles wéi gewinnt.

Wann dëss Mesure nët duer geet mussen mir nach eng weider Hürd anbauen.


Titel: Re: Forum
Beitrag von: Ed am 21 Februar 2007, 18:02
Et kann all Mensch geschéihen datt en säin Passwuert vergiess huet.
Dir kënnt iech dann aert Passwuert op d'E-mailadress schécken loossen déi dir uginn hut wi dir iech registréiert hat.

Wann dir awer net eens gitt, dann schéckt eng Mail op kontakt@ucne.lu, dann kucken mir dat an d'Rei ze bréngen, dofir sin mir jo do !

Null Problémo !  :)


Titel: Re: Forum
Beitrag von: Ed am 07 September 2007, 21:01
Et kann sinn datt mol é Problém ass beim registréieren hei am Forum.
Wann dat bei iech den Fall ass, dann schéckt w.e.g. é Mail op kontakt@ucne.lu fir ons dat matzedélen.